Frank & Nicolas

Keng Koppel mee e gutt Team wat seng Kompetenzen an dësem Projet zesummebréngt, fir en optimale Service an de Beräicher Fotoreportagen an Event Design unzebidden.

De Frank Meiers zoustänneg fir d’Fotoen, huet seng Erfahrunge mat groussen Evenementer virun allem duerch d’Organisatioun vum "Food for Your Senses Festival" gesammelt, wou hien zënter Joeren Deel vun der Ekipp ass. Och wann seng Studien hien net direkt an d’Richtung visuell Sproch guidéiert hunn, sou huet d’Attraktivitéit vun der Fotographie hien awer fest am Grëff an hie schléisst seng professionell Ausbildung dëst Joer of.

De Nicolas Felten schafft zënter 5 Joer an der Grafik a Web Agence cropmark a war als DJ op villen Evenementer am Land vertrueden. Seng Erfahrungen als Hochzäits-DJ léisst hien natierlech an dëse Projet erafléissen.